Resonanz aus Luxemburg I

Moien Monique
Ech hun Dir hei eng kleng Geschicht ze verzielen. Ech war jo dest Joer am Abrell an ärer Velosschoul, an sin och ; nodeems ech e puer Startschwiergekeeten hat matt mengem Velo (ze grouss; hun elo e neien wou ech mech mei secher spieren) schon e puer Stonnen gefuer, Mee waat ech am Fong wöll verzielen, ass datt mai Felix (4Joer), seit Oktober och elo Velo fueren kann. Hien haat fir seng 4 Joer am September eng Trotinette matt 2 Rieder geschenkt kritt, wou hien och gut eenz gin ass. Mir hun him och net vill Geschichten verzielt, ewei Pass op et sin just 2 Rieder drun….ech wollt datt hien ouni Angscht sollt do dropklammen an spontan sollt sin. (de Christian haat mir gesoot et wier besser matt enger Trotinette ze leieren wei matt engem Lafrad, an vue datt ech dei Erfahrung jo selwer gemaach hun, war et jo fir mech och logesch 🙂
Ech muss elo wirklech laachen wann de Felix fiirt, well hien mescht ganz spontan deiselwescht Übungen dei mir am Cours gemaach hun, ech denken oft un Iech, wei dir eis gesoot hut , dir musst „Kand“ aus iech erausloosen.
Nach eng Keier merci fir dei flott Erfahrung dei ech gemaach hun an dei ech elo weider matt mengem Jong maachen kann.
Bis dann
E scheine Bonjour un de Christian

Stéphanie Persampieri

Und:
Hi, your concept it’s very interesting and very normal in fact, me I thought all the time I need someone for help me ride a bicycle. After me, the concept may be used in all actions; it’s more important how thinks about your possibilities (skills), in general, for not squelching, for give free rein.
Greetings from Luxembourg